top of page
shutterstock_66686704.png

Pompes Funèbres Calmes

D’Pompes Funèbres Calmes, e Familljebetrib zënter 4 Generatiounen un Ärer Säit.

An Ärem Déngscht zënter ville Joren hu mir am Laf vun de Generatiounen héich Wäerter entwéckelt,  wéi d’Vertrauen, d’Gehéier an e gemeinsame Wëllen fir Iech bei dës sou gefaart Prüfung z’ënnerstëtzen.

Obwuel de Verloscht vun engem noe Familljemember zu den Erliefnesser vun all Existenz gehéiert, ass et esou e groussen Ëmbroch, datt keen en ouni d’Ënnerstëtzung vun enger vertrauter Persoun handele kann.

Den Entourage vum Verstuerwene fënnt et heiansdo méi einfach, sech un eng Persoun ze wenden, déi net zu der Famill gehéiert  déi him nolauschtere kann, seng Wierder empfänke kann, ouni zousätzlech Leed ze provozéieren, a seng Experienz deele kann, fir ze tréischten. 

Dofir stelle mir eisen Knowhow an Ärem Déngscht a kënnen Iech esou bei all d’Demarchen zum Beschte begleeden an Iech eng Trauerfeier nom Bild vun Ärem beléifte Verstuerwenen ubidden. 

Aus dëse Grënn proposéiere mir déi follgend Servicer :

  • Organisatioun vun den Trauerfeierlechkeeten: Publikatioun vun der Doudesannonce, Auswiel vum Sarg oder vun der Urn, Auswiel vum Grafmonument, vun de Blummen, asw.

  • Rapatriéierung vum Verstuerwenen (nationalen/internationalen Transport) a Betreiung (Fleeg fir d’Konservéierung an d’Presentatioun, Asargung)

  • Traditionellt Begriefnes

  • Anäscherung mat Trauerfeier (Begriefnes oder Verstreeë vun den Äschen)

  • Administrativ Demarchen a Formalitéiten

De Betrib Pompes Funèbres Calmes besteet aus 6 Zenteren uechter d’Land, déi d’ganzt Joer iwwer zu Ärer Verfügung stinn, souguer sonndes an op Feierdeeg.

Mir empfänken Iech 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 an eisen Agencen, déi zu Péitung, Elleng, Sprénkeng, Mamer, Stroossen a Déifferden sinn. Dir kënnt an eise Showrooms e breede Choix vu Särg, Urnen a Grafartikelen (Grafsteen, Vasen, Konschtblummen, Käerzen, asw.) entdecken.

Falls néideg kënnt Dir eis jidderzäit vum Dag oder vun der Nuecht kontaktéieren.

Mir maachen eng Permanence 24 Stonnen op 24, fir sou séier wéi méiglech asazbereet ze sinn.

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert eis per Telefon oder duerch de Formulaire fir eng Ufro.

Logo Pompes Funèbres Calmes au Luxembourg

6 Zenteren zu Lëtzebuerg

zu Ärer Verfügung 7 Deeg op 7 – 24 Stonnen op 24

PETANGE

10, place du Marché

L-4756 Pétange

Tél. 37 01 61-1

Gsm. 621 140 581

ELLANGE

Z.A.E. Le Triangle Vert

L- 5691 Ellange

Tél. 37 01 61 -1

Gsm. 621 140 581

SPRINKANGE

5, rue de Bettange

L- 4998 Sprinkange

Tel. 37 01 61-1

Gsm. 621 140 581

MAMER

102, route d’Arlon

L-8210 Mamer

Tel. 37 01 61-1

Gsm. 621 140 581

STRASSEN

122, route d’Arlon

L-8008 Strassen

Tel. 37 01 61-1

Gsm. 621 140 581

DIFFERDANGE

12, avenue Charlotte

L-4530 Differdannge

Tél. 37 01 61-1

Gsm. 621 140 581

E-mail : info@calmes.eu  

  • Facebook - White Circle

Rechtlech HiweiserDateschutzpolitik – © 2022 Pompes Funèbres Calmes | All rights reserved

logo Editus
bottom of page