top of page
shutterstock_66686704.png

Traditionellt Begriefnes

D’traditionellt Begriefnes, e staarke Moment vun der Trauerfeier

De Betrib Pompes Funèbres Calmes huet all déi néideg Erfarung, fir Iech Schrëtt bei Schrëtt bei der Organsisatioun vum Begriefnes ze begleeden.

 

Fir drop ze uechten, datt d’Begriefnes gutt ofleeft, séchere mir eis, déi lescht Wënsch vun der verstuerwener Persoun a vu sengen noe Familljememberen gutt ze verstoen. Et ass wichteg fir eis, e leschten Hommage ze proposéieren, den dem Beléifte wierdeg ass an onvergiessbar ass.

 

Enger schmerzlecher an onerwaarder Situatioun géintiwwer muss den Entourage vum Verstuerwenen séier Villes auswielen, fir d’Abschiedsfeier z’organiséieren. Fir d’Situatioun souwäit wéi méiglech ze vereinfachen an Iech z’erméiglechen, net ze vill Zäit domadder ze verbréngen, berode mir Iech bei all Schrëtt.

Oflaf vun engem traditionelle Begriefnes.

D’Asargung

Eis Agentë betreien de Verstuerwenen, andeems se d’Kierperfleeg maachen ier se d’Akleedung maachen.

​

Dës Etapp ass wichteg fir d’Famill, well doduerch ass et méiglech, e schéint Bild vum Verstuerwenen ze verhalen an et hëlleft beim Trauerprozess.

D’Asargung ass wann de Kierper vum Verstuerwenen an de Sarg geluecht gëtt. Jee no de reliéise Bräich kann d’Famill froen, datt e Paschtouer do ass, fir ze bieden.

 

Egal wat Äre Wëllen ass, de Betrib Pompes Funèbres Calmes lauschtert Iech no a mécht alles, fir de leschte Wëllen vum Verstuerwenen ze respektéieren.

service-enterrement_1.jpg

D’Begriefnes

​

D’Begriefnes, also wann de Verstuerwene begruewe gëtt, ass e Moment am klenge Krees, wou d’Famill an d’Frënn sech eng lescht Kéier ausdrécke kënnen. Et gi dofir verschidde Manéieren, fir Äddi ze soen.

 

Dës Zeremonie ka sech un d’Wënsch vu jidderengem upassen: Lektür vun engem Gebiet, vun engem Gedicht oder vun engem méi perséinlechen Temoignage, Lidder, Affer vu Blummen, asw.

 

Mir këmmeren eis dann, de Verstuerwenen ze begruewen an dann kommen d’Employéë vum Kierfecht am Asaz, fir de Caveau zouzemaachen.

​

D’Bäisetzung an d’Dekoratioun vum Grafsteen

​

De Grafsteen, oder d’Graf, ass eng vollstänneg Andachtsplaz, néideg fir munch Persounen, fir mam Verstuerwenen verbonnen ze sinn, a fir aner, fir Momenter an Erënnerung ze halen.

 

Do de Grafsteen déi lescht Rouplaz vum Verstuerwenen ass, ass et wichteg, e richteg ze wielen, well d’Graf dem Verstuerwene seng Perséinlechkeet, säi Glawen, seng Familljewäerter, asw. ëremspigele muss. 

 

Soll et fir de Choix vun engem neie Grafsteen sinn, fir d’Restauratioun oder d’Personaliséiere vun engem Graf, déi zu enger Konzessioun gehéiert, schaffe mir zesumme mat der Marbrerie Schott (Maître Marbrier zënter 1977, et läit dem Betrib um Häerz, d’Steng aus eise Regiounen ze sculptéieren.)

 

Fir d’Graf heiansdo bei reliéise Feier (Allerhellegen, Chrëschtdag, Ouschteren, asw.) oder méi reegelméisseg (jee no Ären Erwaardungen) mat Blummen ze dekoréieren, schaffe mir zesumme mam Blummebuttek Fleurs Warnier, deen zu Stroossen läit, deen e breede Choix vu Blummen an Accessoirë fir d’Dekoratioun ubitt.

 

Eis Partneren

Marbrier Schott.jpg
Marbrerie Schott
Fleurs Warnier.png

All Verstuerwene verdéngt e Begriefnes, wéi en et sech virgestallt hat. Dofir engagéiere mir eis, d’Famill zum Beschten bei der Organisatioun a beim Trauerprozess ze begleeden.

​

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert eis per Telefon oder duerch de Formulaire fir eng Ufro.

bottom of page