top of page
shutterstock_66686704.png


Dateschutzpolitik

Virwuert

Menuiserie Calmes Sàrl (follgend « Pompes Funèbres Calmes » genannt) leet vill Wäert drop, Äert Privatsphär ze respektéieren an ass sech bewosst, wéi wichteg, dat fir Iech ass.

Pompes Funèbres Calmes beméit sech deemno mat alle Mëttelen drëm, fir datt Dir d’ugebidde Servicer vun dësem Internetsite vertrauensvoll benotze kënnt, zemools duerch eng ganz transparent Behandlung vun Ären Daten, am strikte Respekt vun de Gesetzer a Virschrëften déi fir de Schutz vun de persounebezunnenen Daten applikabel sinn, souwéi am Respekt vun Ären eegene Preferenzen.

 

Verantwortlech fir d’Behandlung vun Äre perséinlechen Daten

D’perséinlech Daten, déi Iech betreffen, an déi iwwert d’Internetsite gesammelt sinn, ginn automatesch verschafft an de Verantwortleche fir dësen Traitement ass:

 

Menuiserie Calmes Sàrl

Adress: 5, rue de Bettange / L-4998 Sprénkeng

 

Wéini ginn Är perséinlech Donnéeë gesammelt ?

Beim Benotze vum Internetsite ka Pompes Funèbres Calmes Är perséinlech Daten op verschidde Plazen oder Momenter sammelen, wann:

   - Dir op de Säite vum Site surft,

   - Dir Iech op eisen Informatiounsfloss abonéiert (Newsletter, RSS-Feed, Noriichten, etc.),

   - Dir eis kontaktéiert (Rubrik « Kontakt »),

De Betrib Pompes Funèbres Calmes uecht drop, datt nëmmen d’Donnéeë gesammelt ginn, déi fir d’Liwwerung vun de Servicer, déi Dir benotze wëllt, néideg sinn.

 

Ziler vum Traitement vun Äre perséinlechen Daten («Zwecker»)

D’perséinlech Daten, déi Iech betreffen an déi op dësem Internetsite gesammelt ginn, ginn elektronesch fir d’follgend Zwecker verschafft:

   - Iech d’Déngschtleeschtung oder d’ugefrot Informatiounen bereetzestellen;

   - Statistiken a Verkéiersanalysen opzestellen, fir d’Qualitéit vun de proposéierte Servicer ze verbesseren;

   - Iech iwwert d’Produiten, Evenementer, Servicer an Offeren vum Betrib Pompes Funèbres Calmes a seng Partneren z’informéieren, wann Dir op dësen Informatiounsfloss abonéiert sidd (Newsletter, RSS-Feed, asw.);

   - Iech vu perséinlechen Angeboter oder Virdeeler benefizéieren ze loossen, an dat, am Kader vun eisem Fidelitéitsprogramm, wann Dir Member sidd;

   - Iech, mat Ärer Awëllegung, Werbungen oder Noriichte fir d’kommerziell Prospektioun ze schécken

   - d’Sécherheet vum Accès op Är perséinlech Daten ze garantéieren an eventuell virtuell Abrochsversich ze detektéieren;

   - Är Meenungen, duerch d’Ëmfroe bei deenen Dir matmaacht, ze verwalten;

   - Iech ze proposéieren, bei Gewënnspiller oder Lotterië matzemaachen.

Fir all d’Zwecker hei uewen erwänt ass d’Behandlung vun Äre perséinlechen Daten gesetzlech begrënnt:

   - op der Tatsaach, datt se néideg ass fir d’Vertragserfëllung tëscht Pompes Funèbres Calmes an Iech selwer oder fir d’Ausféierung vu virvertraglech Mesuren, déi op Ärer Demande geholl ginn;

   - op der Tatsaach, datt se néideg ass, fir de Respekt vun enger legaler Obligatioun, ënnert där Pompes Funèbres Calmes steet;

   - op der Tatsaach, datt Dir Är Awëllegung fir dës Behandlung gitt hutt;

   - fir en Interêt, deen als legitim unerkannt ass fir Pompes Funèbres Calmes (Betrugsverhinderung, Sécherheet vun den Daten an Infrastrukturen, asw.).

Pompes Funèbres Calmes uecht drop, datt Är persounebezunnen Daten rechtméisseg mat den uewen erwänten Zwecker behandelt ginn. Falls Är Donnéeë méi spéit verschafft wieren, fir en aneren Zweck, wéi deen, deen hei virgesinn ass, kritt Dir déi néideg Informatiounen am viraus matgedeelt. Dir hutt dann d’Méiglechkeet, dës nei Behandlung widderzespriechen.  

 

Natur vun de gesammelte perséinlechen Donnéeën

Är «perséinlech Daten » bezéie sech op all d’Informatiounen, déi Iech als physesch Persoun betreffen an déi erméiglechen, Iech direkt oder indirekt ëremzekennen. D’perséinlech Daten, déi 

Pompes Funèbres Calmes sammele kéint, wann Dir op dësem Internetsite surft, sinn hei ënne beschriwwen:

  - Grondidentifizéierungsdaten, wéi Är Nimm a Virnimm, Är Postadress, Är E-Mail-Adress, Är Telefonsnummeren, asw.

  - technesch Donnéeë fir d’Verbindung an d’Navigatioun, wéi d’IP-Adress vun Ärem Terminal, d’Datum & d’Auerzäit vun Ärer Verbindung, déi besicht Säiten, d’Charakteristike vun Ärem Browser (Zort, Sprooch, asw.) an vun Ärem Terminal (Zort, Opléisung, asw.), d’Cookien, asw.

  - geografesch Positiounsdaten (Geolokaliséierung),

  - Publikatiounsdaten, wéi Är Interessen, Meenungen, Commentairen, Notten, Noriichten, déi duerch Forumen an d’gemeinschaftlech a sozial Funktioune vum Site verëffentlecht ginn. 

 

E puer gesammelt Informatiounen sinn obligatoresch fir déi hei uewen erwänt Ziler z’erreechen, an aner si fakultativ. Dir gitt systematesch bei der Sammlung vun enger Informatioun gewuer, ob dës Informatioun obligatoresch oder fakultativ ass. Wann Dir d’Flichtfelder net ausfëllt kann dat dozou féieren, datt Pompes Funèbres Calmes net d’Méiglechkeet huet, Iech de concernéierte Produit oder Service ze liwweren, oder Iech déi erwaart Qualitéit ze garantéieren.

 

Destinatäre vun Äre perséinlechen Daten

D’perséinlech Daten, déi Iech betreffen an déi op dësem Site gesammelt ginn, ginn nëmme vu Pompes Funèbres Calmes benotzt. Se kënnen awer un d’follgend Drëtter iwwermëttelt ginn:      

   - u Sous-traitanten, un déi Pompes Funèbres Calmes sech wennt, am Kader vun der d’Ausféierung vu Prestatiounen a Servicer, wéi d’Webhosting an den IT-Betrib vum Site, d’Verschécke vun eiser Newsletter, d’Verwandlung, d’Behandlung an d’Bezuele vun Ären Online-Akeef;

  - u Geschäftspartneren, falls Dir Ären Accord ginn hutt, fir hir Werbungen ze kréien.  

Schliisslech ka Pompes Funèbres Calmes dozou verflicht sinn, Är perséinlech Donneeën un Drëtter weiderzeginn, an dat, op Ufro vun de Justizautoritéiten oder vun all anere Verwaltungsautoritéiten, déi gesetzlech habilitéiert sinn.

Se ginn u keen aneren Drëtter weiderginn.

Pompes Funèbres Calmes uecht drop, datt keng eventuell Iwwermëttlung vun Äre perséinlechen Daten un autoriséiert Drëtter zu enger Iwwerdroung an en Drëttland ausserhalb vun der UE féiert.

 

Späicherdauer vun Äre perséinlechen Donnéeën

Är vu Pompes Funèbres Calmes gesammelt a verschafft perséinlech Daten ginn nëmme fir d’Dauer gehalen, déi néideg ass, fir den Zweck vun der geplangter Behandlung oder fir d’Erfëllung vun enger gesetzlecher Obligatioun, déi vun der uwendbarer Gesetzgebung verlaangt ass. Dofir behält Pompes Funèbres Calmes:

   - wärend 3 Joer maximum ab dem Schluss vun der Geschäftsbezéiung, d’Daten, déi fir d’Zwecker vun der kommerzieller Werbung, vu Marketingaktiounen an/oder vu Promotiounsofferen vu Pompes Funèbres Calmes a senge Partneren;

   - wärend 10 Joer maximum ab dem Schluss vun der Geschäftsbezéiung, d’Daten, déi mat vertraglechen Aspekter (Kontrakter, Garantien, Reklamatiounen, Beitreibungen & Rechtssträit, asw.) oder buchhaltereschen Aspekter (Rechnungen, Bestellschäiner, Liwwerschäiner, asw.) verbonne sinn.

 

Schutz vun Äre perséinlechen Daten

Pompes Funèbres Calmes setzt ugepasst a verstänneg Sécherheetsmoossnamen ëm, hisiichtlech de Risiken, déi mat den Behandlunge verbonne sinn, fir d’perséinlech Daten géint d’Destruktioun, de Verloscht, d’Ännerung, d’Weiderginn oder den Zougang ouni Autorisatioun oder all aner Zort vun illegalem Traitement ze schützen.

All d’Employéën a Sous-traitantë vu Pompes Funèbres Calmes, déi en Accès un Är persounebezunnen Daten am Kader vun hire Missiounen hunn, mussen eng strikt Vertraulechkeet anhalen. Si kréien nëmmen Accès un d’Daten déi néideg sinn, fir hir Aufgab z’erfëllen. Si ginn och regelméisseg fir d’Anhale vun de Compliance-Reegelen a Sécherheetsreegelen, déi fir Är persounebezunnen Daten applikabel sinn, sensibiliséiert oder ausgebilt.

 

Är Rechter

Souwäit Pompes Funèbres Calmes Är perséinlech Daten verschafft, hutt Dir jidderzäit an an de vum Gesetz bestëmmte Grenzen, follgend Rechter:

  - Accès op Är perséinlech Daten z’accedéieren (iwwert d’Zorte vun Daten déi gesammelt a verschafft ginn, informéiert ze sinn an eng Kopie vun deenen Date kréien ze kënnen), d’Rektifikatioun vun den Daten froen ze kënnen, wann si falsch oder net komplett sinn, oder d’Läsche vun dësen Daten, wann se veraalt sinn;

  - Widdersprieche géint d’Behandlung vun Ären Donnéeë fir e legitime Grond (zemools fir kommerziell Werbungen);

  - wann Viraussetzungen erfëllt sinn, d’Begrenzung vum Traitement vun Ären Daten ze froen oder datt si definitiv geläscht ginn (Recht, vergiesst ze ginn);

  - Demande fir eng Kopie an engem strukturéierte Format (Portabilitéit) vun de perséinlechen Daten, déi Dir Pompes Funèbres Calmes ginn hutt, ausser wann dat d’Rechter a Fräiheeten vun Drëtter verletzt;

  - froen, net de Géigestand vun enger Decisioun ze sinn, déi exklusiv op engem automatiséiertem Traitement baséiert, inklusiv d'Profiléierung, wann dës Decisioun rechtlech Folgen huet, déi Iech betreffen oder Iech wesentlech an änlech affectéieren. Dir kënnt och d’Logik hannert dësem Traitement froen, e widderspriechen oder datt e vun enger natierlecher Persoun ërem kontrolléiert gëtt.  

  - Ären Accord jidderzäit zeréckzezéien fir d’Behandlungen, déi drop baséieren.

 

Dir kënnt ee vun dës Rechter ouni Käscht ausüben, andeems Dir eis esou kontaktéiert:

   - per E-Mail, un d’follgend E-Mail-Adress: info@calmes.eu

   - oder per Post, un d’Postadress: 5, rue de Bettange / L-4998 Sprinkange

Fir datt mir Är Demande erfëlle kënnen a fir en Identitéitsbedruch ze vermeiden, muss e gëltegt Identitéitsdokument mat enger zweesäiteger Kopie mam Courrier geschéckt ginn.

Pompes Funèbres Calmes verflicht sech bannent maximum engem Mount no der Receptioun vun Ärer vollstänneg ausgefëllter Demande z’äntweren.

 

Wann Dir eng Klo maache wëllt, kënnt Dir Iech un d’national Dateschutzkommissioun (CNDP) wennen, an dat duerch hiren Internetsite: www.cnpd.lu

bottom of page