top of page
shutterstock_66686704.png

Formalitéiten

De Betrib Pompes Funèbres Calmes begleet Iech bei all d’Demarchen, déi beim Doudesfall vun engem noe Familljemember virkommen.

Bei engem Doudesfall erlieft d’Famill eng Situatioun, déi emotional schwéier ass. An trotzdem musse si d’Erfuerderungen, déi mat der Organisatioun vum Begriefnes verbonne sinn, handelen.

 

Mir stinn zu Ärer Säit, fir Är Demarchen am méiglechsten ze vereinfachen, a souwäit wéi méiglech, eis ëm déi vill administrativ Formalitéiten ze këmmeren.

 

Dofir fannt Dir an dësem Artikel all d’Informatiounen iwwert déi éischt administrativ Demarchen.

​

service-formalites_1.jpg

 

Den Doudesfall mellen

​

Ier iergendeng Aktioun ënnerholl gëtt, muss e Familljemember en Dokter kontaktéieren, fir de Stierffall ze konstatéieren en e Doudeschäin ze schreiwen, deen d’Ursaache vum Doud bestätegt (natierlechen Doud, gewaltsamen an onverdächtegen Doud, asw.)

 

Bannent maximum 24 Stonnen muss den Doudesfall um Büro vum Etat Civil, an der Gemeng, wou d’Persoun gestuerwen ass, deklaréiert ginn.

 

D’Por muss och kontaktéiert ginn am Fall vun enger reliéiser Zeremonie.

 

Dës Demarchë kënnen vun engem noe Familljemember vum Verstuerwenen initiéiert ginn oder kënnen eis iwwerlooss ginn.

 

De Büro vum Etat Civil stellt den Acte de Décès op a stellt eng Geneemegung, fir den Transport vum Verstuerwenen (fir d’Bestattungsfirma) an eng Geneenemegung fir d’Bäisetzung (an der Gemeng wou déi verstuerwe Persoun begruewe wëllt sinn).

Soubal den Acte de Décès opgestallt ass, gëtt et eng Rei vun Organer ze kontaktéieren:

​

  • den Employeur oder d’Pensiounskeess

  • d’Gesondheetskeess (CNS)

  • Bankinstitut(en)

  • Versécherungsgesellschaft(en)

  • Immobilieninstitut(en): de Proprietär, wann de Verstuerwene Locataire war, de Locataire/d’Locatairen oder d’Wunnengseegentemergemeinschaft, wann de Verstuewene Immobilieneegentemer war.

  • Nottär (am Fall vun engem Testament)

 

​Jee no de Fäll kënnen och aner Instanzen informéiert ginn, wéi d’Stierfkeess, d’medizinesch-chirurgesch Keess, d’Schoulen, de Momperschaftsriichter, d’SNCT (d’Société Nationale de Contrôle Technique / d’national Gesellschaft fir technesch Iwwerwaachung), d’Konsulat oder d’Ambassade, asw.​

 

Bannent 6 Méint no der Deklaratioun vum Doudesfall muss een eng Ierfschaftserklärung ofginn. Dofir muss een d’AED (Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA / Verwaltung fir d’Registréieren, d’Domänen an d’TVA) kontaktéieren.

 

Fir all déi uewen erwänt Modalitéiten fannt Dir hei déi verschidden Dokumenter, déi bei all Organer presentéiert musse ginn (Attestatiounen, Familljebuch, Identitéitsdokumenter, Notariatsakten, asw.)

​

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert eis per Telefon oder duerch de Formulaire fir eng Ufro.

bottom of page